Kultur
Leslie de Canchy: vun enger Galerie 2005 zu 80 am Joer 2020
Wann eng Struktur wiisst, brauch se méi Hänn, déi se stäipen, an da forcément e Kapp, deen d'Hänn coordinéiert. 2015 huet de Galerist Alex Reding d'Luxembourg Art Week, mat enger 20 Aussteller, lancéiert. Hie war den Initiator, an also de Chef. Wéi d'Konschtfoire bis 70 Exposanten accueilléiere sollt, an d'Zuel vu Visiteure sech op 15.000 quasi verduebelt hat, gouf en neien Direktiounsposte ausgeschriwwen. 2020 hunn d'Leslie de Canchy, als Directrice, an den Alex Reding, als CEO, d'Luxembourg Art Week fir d'éischt am Duo geschmass.
D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Leslie de Canchy