Kultur
Jiddwereen ass e Stéck Landschaft, esou d'Justine Blau
"Wien Däre séit, dierf säin Zelt net buerféiss verloossen", mengen d'Beduinen. Ënner dem Titel "Ensemencement" hat d'Kënschtlerin Justine Blau am Summer 2021, um nohaltege WaterWalls-Festival zu Esch-Sauer, aacht Fändele "geséit", déi sech no an no verwandele konnten, esou och an en Zelt. Domat wollt si den Discours zum Theema "Evolutioun vum mënschleche Rapport zur Natur" weiderbréngen. Beim Tipi ass d'Justine Blau, no Recherchen, hänke bliwwen, presentéiert bis Enn der Woch d'Sound-Installatioun "Je suis un morceau de paysage" an der Annexe 22 op der Escher Brillplaz. Explikatioune Kerstin Thalau