arrow_back_ios
Kultur
Jemp Schuster mam Lëtzebuerger Buchpräis 2021 belount
Fir säi Roman ''Bluttsëffer'' (Ed. Imprimerie Centrale) gouf de Jemp Schuster gëschter Owend zu Walfer an der Kategorie 'Literatur' ausgezeechent. De Lëtzebuerger Buchpräis gëtt all Joer vun de Bicherediteure verginn. Weider Präisser goufen et dëst Joer an de Kategorië Sachbuch, Kannerbuch an Design, an och de Publikum konnt online säi Favorit priméieren.
E Bäitrag vum Michel Delage