Kultur
Sticky Flames: eng brenzeleg Affär fir en Engel?
Am Fréijoer war de Casino Display am Konschthaus beim Engel, um Fëschmaart, ageweit ginn: souzesoen eng Annex vum Casino an der Ënneschtgaass, mee mat Fokus op déi jonk Kreatioun aus der Groussregioun. A wien huet iwwer déi e besseren Iwwerbléck wéi eng jonk Curatrice?! D'Nadina Faljic huet tëschent 2013 an 2020 zu Saarbrécken e Bachelor a Konschtgeschicht an duerno e Master a Curating ofgeschloss. Elo bekëmmert si sech fir ee Joer ëm d'Programmatioun fir de Casino Display. D'Kerstin Thalau ass vun der Nadina Faljic méi iwwer hir aktuell Expo Sticky Flames gewuer ginn.