Kultur
E klenge "Brandy" um fréie Mueren
De Robert Brandy, Joergang 1946, ass haut ee vun de bekannste Kënschtler vu Lëtzebuerg. Mee wéi hien ufanks der 1970eger décidéiert hat, vu senger Konscht liewen ze wëllen, an dat en plus zu Lëtzebuerg, ass hien zimlech belächelt ginn. Dësen Abrëll ass am Nationalmusée, kuerz virum Brandy sengem 75. Gebuertsdag, a souzesoe fir 50 Joer erfollegräich Kënschtlercarrière, eng grouss Brandy-Retrospektive opgaangen. Dat wësst dir, vu datt mir hei um Radio dovunner geschwat haten? Effektiv: d'Kerstin Thalau wollt iech och just nach emol drun erënneren, datt se nëmmen nach bis den 28. November ze gesinn ass.