arrow_back_ios
Kultur
Esch 2022: Transitory Ausstellung ze Paräis
Zu Paräis war Donneschden den Owend de Vernissage vun der Expositioun "Transitory", wou Fotografe vun den dräi europäesche Kultur-Haaptstied ausgestellen. Ausser Esch, sinn och déi serbesch Stad Novi Sad an déi lettesch Stad Kaunas representéiert. Dës dräi Stied hunn a priori net vill gemeinsam, ausser datt hiert Stadbild staark vun der Industrialiséierung gepräägt ass. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis op der Ausstellung.