Kultur
Am MNHA den Iran tëscht den Zäiten erliewen
2006 huet de Fotograf Alfred Seiland fir den New York Times Magazine d'Filmkuliss vun der Tëlee-Serie "Rome" an der réimescher Filmstad Cinecittà fotograféiert. D'Zeenografie huet den Éisterräicher esou beandrockt, datt aus dësem Optrag e Liewenswierk entstanen ass: zanter hier reest de Seiland duerch d'Welt an dokumentéiert, wéi d'Mënschen haut mam Ierwe vun de Réimer ëmginn. 2014 hat hie seng "Imperium-Romanum"-Fotoen an eisem Nationalmusée presentéiert. Elo ass hien zeréck mam neie Projet "Iran tëscht den Zäiten", zu deem et och duerch d'Réimer komm ass. Explikatioune Kerstin Thalau.