arrow_back_ios
Kultur
D'RadiOdyssee vum sage fou
Bei Sujeten, wou anerer d'Schlappe verléieren, fille sech Erzielkënschtler esou richteg wuel. Zum Beispill spillen an onwahrscheinlech ville vun de Volleksmärecher, déi si zielen, di sougenannt "sages fous" oder "weise Narren" eng wichteg Roll. Gecken intrigéieren, faszinéieren, maachen nervös. Alles Grond genuch fir d'sages fous bei eis op der Antenne ze thematiséieren. D'Valerija Berdi huet di passend Musek opgeluegt, a versicht erauszefannen, op de Philippe Hansen dann elo "sage" oder "fou" ass.