Kultur
Die Konferenz der Abwesenden
Oder "La conférence des absents" - op zwee Owenter, eemol op Däitsch an eemol op Franséisch, hat de postmodernen Theaterkollektiv Rimini Protokoll op eng aussergewéinlech Theaterproduktioun an den TNL invitéiert. Ganz besonnesch war, datt keng SchauspillerInnen op der Bün ze gesi waren, mee Leit aus dem Publik hu missen an déi verschidde Rolle klappen. En Experiment, ganz am Sënn vun der Berliner Ekipp.
D'Valerija Berdi huet mam Daniel Weitzel geschwat, deen nieft dem Helgard Haug an dem Stefan Kaegi Member vum Rimini Protokoll a fir d'Konzept, den Text an d'Regie responsabel ass.
De Rimini Protokoll koum op Lëtzebuerg op d'Initiativ vum Institut Pierre Werner an a Zesummenaarbecht mam Goethe Institut an dem Théâtre National Luxembourg.