Kultur
De fiktive Sage fou psychologesch gekuckt
Den Hodscha Nasreddin, den Till Eulenspiegel, d'Schildbierger vu Schilda ... d'Lëscht vun de weise Gecken an der traditioneller Erzielkonscht ass laang. Déi sougenannt Sages fous hu faszinéiert, intrigéiert, beonrouegt, an an engems zum Laache bruecht. Si hate quasi als eenzeg d'Recht, de Mächtegen de Spigel virzehalen, ouni bestrooft ze ginn.
An eiser Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee hate mir versicht, dësem Personnage humor- an awer respektvoll méi no ze kommen, ënner anerem och psychologesch. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Psycholog Sébastien Dawant