Kultur
"other spaces" vun der Noémie Goudal
D'Fotografin Noémie Goudal ënnersicht d'Relatioun tëschent dem Natierlechen an dem Kënschtlechen, tëschent Wëssenschaft an Imaginatioun, tëschent Konstruktioun an Erfindung. Dir frot Iech, wéi dat goe soll? Andeems si hire Fotoapparat einfach enzwousch an d'Landschaft hält?? Tatsächlech weisen der franséischer Fotokënschtlerin hir Biller genee dës komplex Bezéiungen, respektiv "other spaces", konkret Plaze baussent allen anere Plazen, déi vum Philosoph Michel Foucault "Heterotopien" genannt gi waren. Bis Februar 2022 kënnt Dir der Noémie Goudal hir Konscht am Arendt House um Kierchbierg entdecken. D'Kerstin Thalau war do.