Kultur
Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort
Am Kader vum 80. Joresdag vun der éischter Deportatioun vu Judden aus Lëtzebuerg an der Regioun vun Tréier an de Ghetto vu Litzmannstadt a Polen, huet d'MemoShoah Lëtzebuerg eng Ausstellung an der Villa Pauly organiséiert. D'Valerija Berdi huet sech vum Jim Goerres, dem President vum Verwaltungsrot vu Memo Shoah Lëtzebuerg, duerch dës Ausstellung mam Numm "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort" féiere gelooss.
Déi ganz Visite guidée vun der Ausstellung "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort " mam Jim Goerres kënnt Dir de 26. Dezember moies um néng an owes kuerz no sechs Auer op eiser Antenn lauschteren.
D'Ausstellung "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort" ass vu MemoShoah Lëtzebuerg organiséiert an dat mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Oeuvre nationale de secours G.Duchesse Charlotte an der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah. D'Ausstellung ass an der Villa Pauly ze gesinn, wou d'Ekipp déi logistesch Hëllef garantéiert huet.
Ëffnungszäite sinn vun dënschdes bis freides vun 13:00-16:30. Fir eng Visite guidée sinn och aner Zäite méiglech, do soll een einfach per Mail op info@memoshoah..lu schreiwen.