Kultur
Michael Maar am Gespréich
7 min
A sengem Wierk "Die Schlange im Wolfspelz. Das Geheimnis großer Literatur" setzt sech den däitsche Literaturkritiker, Germanist a Schrëftsteller Michael Maar mam Geheimnis vum gudde Stil auserneen a geheit d'Fro op, wéi aus der Sprooch Literatur gëtt. Hien huet hei 50 däitschsproocheg AutorInnen ausgewielt an eng Rees vun der Vergaangenheet bis an d'Géigewaart ënnerholl fir mat ganz vill Humor dës Froen ëmmer erëm ze stellen.
De Michael Maar war Invité am Institut Pierre Werner a bei dëser Geleeënheet huet d'Valerija Berdi mat him iwwer säi literarescht Schaffe geschwat.