Kultur
"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Dessert
Géift Dir e Kachbuch mat Rezepter fir "Pizza Poubelle", "Poulet am Kliewsand", "Träip a Béchseravioli" erausbréngen? Déi zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv hunn dat gemaach. Bei "Gudden Appetit" handelt et sech ëm eng spilleresch, mee och historesch Publikatioun iwwer d'Iesskultur vun de Schmelzaarbechter, mat privaten a professionelle Fotoen, Anekdoten, an natierlech Rezepter.
Entrée an Haaptplat hu mir eis scho schmaache gelooss, beim drëtte Reportage si mir beim Dessert ukomm. Also beim Serge Molitor, deen dem Kerstin Thalau vu fréier erzielt huet.