Kultur
Mam Gregor Schneider duerch säin Ego-Tunnel
8 min
Sech mat sech selwer, sengen Ängschten ausenanersetzen, soll jo Wonner wierken. Dofir brauch ee Raum an Zäit? D'Zäit misst Dir Iech huelen, an zwar bis den néngte Januar, mee mir hunn den idealen Espace fir Iech fonnt: déi nei Escher Konschthal. Do stellt ee vun de wichtegen däitschen zäitgenëssesche Kënschtler aus: de Gregor Schneider, Joergang 1969, dee viru ronn 20 Joer, fir seng accessibel Skulpturen, op der Biennale vu Venedeg mam gëllene Léif ausgezeechent gi war. D'Kerstin Thalau an de Gregor Schneider huelen Iech elo mat op en Tour duerch d'Expo "Ego-Tunnel", en Gros e Parcours duerch eis Angschtraim.