Kultur
D'Michelle Cotton an de Postkapitalismus am Mudam
8 min
Virun zwee Joer war am Mudam en neie wichtege Poste geschafen an ausgeschriwwe ginn: dee vum Responsabel fir d'Programmatioun an den artistesche Contenu. Engagéiert gouf d'Englännerin Michelle Cotton, zanter 2015 erfollegräich Directrice vum Bonner Kunstverein. D'Konschthistorikerin hat ënner anerem d'Renne gemaach, well si mat engem fäerdegen Ausstellungskonzept an d'Virstellungsgespréich komm war. Duerch Corona konnt et eréischt annerhalleft Joer drop konkretiséiert ginn, mee dat mécht d'Expo "Post-Capital: Konscht an Ekonomie am digitalen Zäitalter" net manner interessant. D'Kerstin Thalau ass vun der Michelle Cotton méi gewuer ginn.