Kultur
"Anthropocean" an de Rotonden
5 min
Déi dräi Nowuesskënschtler Lucie Wahl, Michelle Kleyr a Ganaël Dumreicher, aktiv an de Beräicher Film-, Medien- an Audiokonscht, plädéiere fir en Neiufank an der Konscht. Den Trio wënscht sech méi Kreatioune mat politeschen an ekologeschen Aussoen. An de Rotonden hate si hir Rauminstallatioun "Anthropocean" presentéiert, déi d'Problematik vun der, vum Mënsch produzéierter, Ënnerwaasser-Sound-Pollutioun an hir dramatesch Konsequenze fir Fauna a Flora, thematiséiert. D'Kerstin Thalau ass, an der Emissioun RadiOdyssee, vun der Lucie Wahl nach méi zum Theema Neiufank gewuer ginn.