Kultur
Jüddeschen Nottär soll d'Anne Frank verroden hunn
5 min
Fir sech virun den Nationalsozialisten a Sécherheet ze bréngen, waren déi jiddesch Famill Frank a véier weider Mënschen tëschent 1942 an 1944 an engem Hannerhaus zu Amsterdam ënnergedaucht. Do huet d'Anne Frank hiert berüümten Tagebuch geschriwwen. Am August 1944 gouf d'Famill an e KZ deportéiert an, bis op de Papp Otto Frank, ermuert. Hir Stopp war verrode ginn. Mee vu wiem? Dat hunn ëmmer nees Ermëttler versicht erauszefannen. 77 Joer nom Enn vum Krich ass e méigleche Schëllege fonnt ginn.
Dir héiert dozou eng Korrespondenz vum ARD-Journalist Ludger Kazmirczak vun Den Haag.