Kultur
Christopher Morse: Mediatioun braucht Emotioun
9 min
Op der Uni Lëtzebuerg gëtt et keng reng Spezialisatioun a Konschtvermëttlung, mee verschidde Fuerscher beschäftege sech awer an hire Recherchë mam Sujet. Esou zum Beispill den Amerikaner Christopher Morse, deen 2017 fir e PHD op Lëtzebuerg koum, nodeems hien zéng Joer als Student a Chercheur zu Boston gelieft hat. Vun do huet hien e Master a Literatur, Kultur a Relioun plus e Master an Digital Media an Instructional Design matbruecht. De Christopher Morse huet nieft Englesch och Franséisch a Japanesch geléiert. Wat sech aus all deene Kompetenzen zaubere léisst, huet hien dem Kerstin Thalau erzielt.