Kultur
2022 - d'Joer vum Molière
8 min
Dëse Mount ass dem Molière säi 400. Gebuertsdag. De franséischen Dramaturg hat am 17. Joerhonnert fir de Kinnek Louis XIV Theaterstécker geschriwwe wéi "Le Misanthrope", "Le malade imaginaire" oder "Les Fourberies de Scapin". De Molière ass e fundamentale Schrëftsteller aus der franséischer Literatur, an dofir huet d'Comédie Française him dëst Joer eng ganz Programmatioun gewidmet. Och 400 Joer duerno schéngen dem Molière seng Stécker ëmmer nach universell an zäitlos. E Reportage vun eisem Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn