Kultur
Woven In Vegetal Fabric: On Plant Becomings
5 min
De Charles Rouleau, 1988 am Québec gebuer, huet an den USA an zu Berlin gelieft a geschafft, duerno zu Heidelberg Konschtgeschicht studéiert, do seng Partnerin, eng Lëtzebuergerin kennegeléiert; aktuell pendelt hien tëschent Lëtzebuerg an Amsterdam, wou hien e Master an artistic research mécht.
De leschte Summer war seng Konscht op der Triennale jeune création an de Rotonden an am Casino ze gesinn: seng Soundinstallatioun iwwer d'Fragilitéit vun der Äisschicht um kanadesche Floss Saint-Laurent zum Beispill. Tëschent dem 25. Januar an dem 27. Februar presentéiert hie säin neie Projet am Casino Display, beim Engel um Fëschmaart. Explikatioune Kerstin Thalau