Kultur
Sofia Aouine an der Autoreresidenz
5 min
Mat hirem Roman "Rhapsodie des oubliés", dee bei éditions de la Martinière erauskoum, huet déi franséisch Schrëftstellerin Sofia Aouine grousse Succès a Frankräich gefeiert a gouf och mat Literaturpräisser ausgezeechent. E groussen Deel vum Roman huet si an hirer Autoreresidenz zu Buerglënster geschriwwen an huet och den Ufank vum Roman virun der Publikatioun an der Escher Kulturfabrik am Kader vum Word in Progress virgestallt.
Elo ass d'Sofia Aouine erëm zu Lëtzebuerg an huet an der KUFA eng Residenz, wou si un hirem nächste Roman schafft. Wéi ass et an enger Residenz ze schreiwen? Wéi war Buerglënster? Wéi ass Esch? Doriwwer huet d'Ekipp vun der Kulturredaktioun mat der Sofia Aouine an der Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie geschwat. Hei en Extrait aus deem Gespréich.