Kultur
Menn Adam: wou e Wëllen ass ...
9 min
"Plëtzlech an onerwaart" esou bezeechent d'Glaskonschthandwierkerin Nicole Adam den Doud vun hirem Mann, de Kënschtler Jean-Pierre, genannt "Menn", Adam, am Januar 2014. Deemools war hien 72 Joer al. Säin Atelier zu Diddeleng stoung voll mat fäerdege Peinturen, Skulpturen, Textil- plus Glaskreatiounen; houng voll mat neien Iddien. Also hu seng zwou Duechteren, eng Kënschtlerin an eng Schauspillerin, mat zwou Konschtcuratricen, zu Diddeleng, eng Retrospektiv fir dem Menn Adam säin 80. Gebuertsdag op d'Bee gestallt. Dir wësst guer net, wien de Menn Adam ass?? Seng Fra Nicole huet dem Kerstin Thalau interessant Anekdoten erzielt.