Kultur
Dem Gehier op der Spuer
4 min
Et gesäit e bëssen aus wéi eng iwwerdimensionéiert Hackernoss, passt an e Kapp eran an ass annerhallwe Kilo schwéier ... jo, et geet ëm dat mënschlecht Gehier. Zanter Joerdausende gëtt versicht an et eranzekucken a seng Rätselen ze léisen. Déi däitsch Bundeskunsthalle zu Bonn versicht elo Léisunge méi no ze kommen - an och zesummenzedroen, wéi eis gro Zellen d'Konscht beschäftegt hunn. "Das Gehirn in Kunst und Wissenschaft" heescht d'Ausstellung, an den Henning Hübert vum Westdeutschen Rundfunk war se kucken.