Kultur
What a "Menn"!
9 min
An enger Aart Radio-Retrospektiv stelle mir Iech de Kënschtler Jean-Pierre, genannt "Menn", Adam an e puer Deeler vir. De Kënschtler koum 1914 zu Diddeleng op d'Welt an ass onerwaart, mat 72 Joer, och do gestuerwen. Dat kléngt no net vill Beweegung? De Contraire war de Fall. De Menn Adam war als Jugendleche vun doheem fortgaangen, well säi Beruffswonsch "Kënschtler" net akzeptéiert gouf; hien huet mat nëmme 16 Joer seng lénks Hand bei engem Aarbechtsaccident verluer a gouf nawell Moler, Graveur a Sculpteur. Aktuell feieren d'Diddelenger Galerië säin 80. Gebuertsdag. D'Kerstin Thalau huet mat senger Fra a sengen Zwillingsmeedercher geschwat.
Lauschtert den 1. Deel vun eiser Radio-Retrospektiv.