Kultur
D'Léift segelt op der RadiOdyssee
5 min
Pünktlech fir Vältesdag denkt d'Ekipp vun der RadiOdyssee un, iwwer a mat Léift. Kann een d'Léift definéieren a fir wien oder wat kann ee Léift empfannen? An da gëtt et och nach d'Zäit no der Léift ... mee do kann eis d'Luisa Bevilacqua mat hirer schéiner Stëmm tréischten ... Mir lauschteren e klengen Appetizer fir eis Emissioun RadiOdyssee, wou sech alles ëm d'Erzielkonscht dréit, an dëse Sonnden, 6.2., spezifesch ëm d'Léift ...
RadiOdyssee mat den zwou Erzielkënschtlerinnen Betsy Denzer a Luisa Bevilaqua, den zwou Kulturjournalistinne Kerstin Thalau a Valerija Berdi. Invitée an dëser Sendung ass d'Dichterin an Iwwersetzerin Friederike Migneco.