Kultur
Johanna Luyssen - Le dating à Berlin fut un enfer
8 min
E Kand eleng opzezéien ass eng Erausfuerderung. Aus enger feministescher Perspektiv kann d'Elengerzéien awer och eng Form vu Selbstbestëmmung sinn, mengt déi franséisch Journalistin Johanna Luyssen. Hiren Debut-Roman "Si je veux" erschéngt haut am Verlagshaus Grasset. Déi fréier Berlin-Korrespondentin vun der Dageszeitung Libération huet an Däitschland hir Duechter op d'Welt bruecht - ouni Partner oder Partnerin. Hiert Buch ass e feministesche Plädoyer un d'Maternité. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn huet d'Autorin beim Plënnere begleet.