Kultur
Impressioune vu Kaunas
4 min
Den 22. Januar, also gutt ee Mount virun Esch, huet Kaunas ënner dem Motto Contemporary Capital säi Kulturhaaptstad-Programm lancéiert. Kaunas ass mat iwwer 315.000 Awunner déi zweetgréisst Stad a Litauen. Iwwer d'Grenzen eraus war se bis ewell haaptsächlech fir hir Textilkonscht bekannt. 2022 sollen de Patrimoine, d'Geschicht, d'Erënnerung, d'Inclusioun, de Multikulturalismus promouvéiert ginn. Dat mat 40 Festivallen, 60 Ausstellungen a weider 250 Manifestatiounen. Dir héiert Impressioune vun der ARD-Korrespondentin Sophie Donges.