Salut Kanner! Dir kennt jo all d'Mickey Mouse? An och den Donald Duck? Kloer, abee da gëtt et jo och nach Daisy Duck, dem Donald Duck seng éiweg Freiesch. Majo d'Daisy Duck war am Januar 1937, also viru 85 Joer eng éischte Kéier am Cartoon "Don Donald" als kokett Donna Duck um groussen Ecran ze gesinn, et huet duerno awer nach dräi Joer gedauert bis 1940 am Film "Mister Duck steps out" dem Donald säi Léifst liicht verännert als Daisy Duck opgetrueden ass. Nieft der Daisy Duck gëtt awer nach e 85. commemoréiert, an zwar ass et dem Donald Duck säi legendäre knallrouden Auto mam Nummereschëld 313. Detailer vum Jean Claude Majerus
arrow_back_ios
Kannerkëscht
Eng Inten-Damm an de roude Cabrio kréie 85 Joer
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
Episoden
De Jos an den Tatzelwuerm
Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
Episod 6: Schnipp Schnapp!
Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
Episod 5: Eng Strëmp
Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
Episod 4: Et gëtt gekacht!
Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
Epsiod 3: Dinosaurier
Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee se sinn elo zeréck komm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
Episod 2: Grujeleg
Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit, fir ze schlofen.
Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren
Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
De Mukami an d'Bierger
Eng nei Lauschtergeschicht mam Mukami vun der Anja Di Bartolomeo
Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht
Eng nei Lauschtergeschicht vum Claude Zeimes
Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?
Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek
Eng Nuecht an der Philharmonie
De Rigoletto Vodoo-Zauber
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt
D’Eloisa a seng Gei
Musek maachen op enger Schalimosflütt
Mir fabrizéieren eng Knupptut
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.