Kultur
Am MNHA den Iran tëschent den Zäiten erliewen
8 min
Viru 15 Joer huet de Fotograf Alfred Seiland fir den New York Times Magazine d'Filmkuliss vun der Tëlee-Serie "Rome" an der réimescher Filmstad Cinecittà fotograféiert. D'Zeenografie huet den Éisträicher esou beandrockt, datt aus dësem Optrag e Liewenswierk entstanen ass: zanterhier reest de Seiland duerch d'Welt an dokumentéiert, wéi d'Mënschen haut mam Ierwe vun de Réimer ëmginn. 2014 hat hie seng "Imperium-Romanum"-Fotoen an eisem Nationalmusée presentéiert. Mëttlerweil ass hien zeréck mam neie Projet "Iran tëschent den Zäiten", zu deem et och duerch d'Réimer koum. Explikatioune Kerstin Thalau