Kultur
D'Patricia Lippert proposéiert Schleek mat Pilz
4 min
Neits aus Eppelduerf: d'Molerin a Sculptrice Patricia Lippert huet e Kannerbuch kreéiert. Mat gemooltem Text an eegenen Illustratiounen erzielt si d'Fabel "Der blaue Pilz und die Schnecke". An de leschte Joren huet d'Kënschtlerin an hiren Aarbechten, dacks a Kollaboratioun mat anere Kënschtler, nach emol drop hiweise wëllen, datt de Mënsch nu wierklech net d'Kréinung vun der Schöpfung ass, datt en esouwuel d'Natur wéi och seng eegen Natur méi respektéiere misst. E Sujet, deen och an hirer Fabel matschwéngt. Explikatioune Kerstin Thalau