Kultur
Le Monde sans fin
7 min
De Sujet Energiepolitik ass an den Zentrum vun der ëffentlecher Debatt geréckelt, net zu Lescht wéinst dem Krich an der Ukrain, mee och wéinst der ganzer Debatt ëm déi gréng Taxonomie bannent der EU. Vill franséisch Ekologiste sinn zum Beispill fest dovunner iwwerzeegt, datt d'Atomkraaft de sënnvollsten Auswee vu fossille Brennstoffer wier. Dat weist och d'Bestseller Bande Dessinée "Le Monde sans Fin" vum Jean-Marc Jancovici a Christiophe Blain. Gëschter (5.4.) koum déi däitsch Iwwersetzung vun der BD am Reprodukt Verlag eraus. D'Geleeënheet fir eise Korrespondent Léonardo Kahn den Zeechner Christophe Blain zu Paräis ze treffen.