Kultur
Der Berthe Lutgen hir Roserei am Summer of '69
4 min
Eng Handvoll Lëtzebuerger Kënschtler hunn 1969 déi fir deemoleg Verhältnisser spektakulär "erste nichtaffirmative kooperative Ausstellung aktueller Kunst" organiséiert. Esouwuel dësen Happening, wéi och d'Initiativ '69 oder d'Aarbechte vum Groupe de Recherche d'Art politique sinn haut an de Vergiess geroden. Déi Zäit mat dobäi: d'Berthe Lutgen an de Misch Da Leiden, deenen hire kënschtleresche Wee zanter 1969 a bis haut zanter Enn 2021 an der Villa Vauban an enger Expo thematiséiert gëtt. D'Kerstin Thalau war op enger Visitt, bei där d'Berthe Lutgen d'Konditioune vun 1969 beschriwwen huet.