A Brasilien suergt de staarke Reen nach ëmmer fir vill Problemer. An der Stad Petropolis, zwou Stonne vu Rio de Janeiro ewech, koumen engem provisoresche Bilan no iwwer 100 Mënschen an den Iwwerschwemmungen ëm d'Liewen. An der 300.000-Awunnerstad an de Bierger kënnt et ëmmer nees zu Äerdrutschen. E Reportage vun der Plaz vun eiser Korrespondentin Marie Naudascher
arrow_back_ios
Aktuelles
Schro Iwwerschwemmungen a Brasilien
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
