Kultur
Éric Zemmour: d'Muecht vun der Sproch
7 min
A manner wéi zwee Méint ginn d'Fransousen un d'Walurne geruff. An der Campagne mécht virun allem ee Kandidat op sech opmierksam. Den Éric Zemmour huet bannent e puer Méint déi drëtt Platz erreecht, mat 15 Prozent vun de Walintentiounen. Säi mediale Succès läit gréisstendeels u senger krichs-änlecher Rhetorik, mengt d'Politologin Cécile Alduy. Si ass Professorin fir franséisch Gesellschafts- a Literaturfuerschung op der Stanfort Universitéit a Kalifornien. Haut (18.2.22) kënnt am Editiounshaus Seuil hiert Buch "La langue de Zemmour" eraus. Eise Paräis-Korrespondent huet mat der Autorin Cécile Alduy iwwer dem Zemmour seng Sprooch geschwat.