Kultur
Esch2022: "Eng Rakéit an de Weltall schéissen"
Mir sinn elo eng knapp Woch virum offizielle Start vun Esch2022- Europäesch Kulturhaaptstad. Dëse Samschdeg geet et mat Festivitéiten zu Esch op der Gemengeplaz an um Belval lass.
D'Organisateure si begeeschtert, et sinn awer vill kritesch Stëmmen ze héieren an ze liesen. No véier Joer Organisatioun vun Esch2022, déi méi wéi komplizéiert waren, ass an der Emissioun Kaarten op den Dësch de Stand haut ënner d'Lupp geholl ginn.
Diskutéiert hunn d'Nancy Braun, d'Generaldirectrice vun Esch2022, den Escher Kënschtler Théid Johanns an de Responsabele fir de Kanner- a Jugendprogramm vum Escher Theater, de Francis Schmit. D'Valerija Berdi mat engem Resumé