De Wladimir Putin huet laang behaapt, hien hätt keng Pläng fir an d'Ukrain anzemarschéieren. Zanter gëschter Owend ass kloer, datt dat net gestëmmt huet. De russesche President huet d'Onofhängegkeet vun ostukrainesche Gebidder unerkannt an huet den Uerder gi russesch Truppen dohin ze schécken.
Wéi ass d'Situatioun anzeschätzen, a wéi reagéiert d'Europäesch Unioun? Eng Analys vun der aktueller Situatioun mat den 100,7-Journalisten Danièle Weber a Jean-Claude Franck.