Kultur
"The World of Stonehenge" am British Museum zu London
6 min
Wat den Ägypter d'Pyramide sinn, ass den Englänner Stonehenge. Nach ëmmer ginn et all Joer nei Erkenntnisser, an dann nees nei Rätselen, iwwer deen, e puer Dausend Joer alen, gigantesche Steekrees a Südengland. Stonehenge gëtt als mageschen Uert bezeechent, deen ewell mat Laserscanner a Radar beaarbecht gëtt, awer fir de grousse Public net méi zougänglech ass. Dee grousse Public dierf sech elo am British Museum zu London selwer eng Meenung bilden: "The World of Stonehenge" ass déi éischt Expo zum Theema an England. Dozou e Beitrag vun der ARD-Korrespondentin Gabi Biesinger