Kultur
Am neie LUCA am Gronn "eisem Buedem" op de Grond goen
9 min
Architektur, déi bebaut Ëmwelt, Urbanismus net einfach just hinhuelen, mee hannerfroen: dofir setzt sech de Luxembourg Center for Architecture, kuerz LUCA, an. An dat ëmmerhin schonn zanter ronnen 30 Joer. 1992 als Fondarch gegrënnt, war d'Missioun vum Zenter ni ausschliisslech Experte vun der Matière unzeschwätzen, mee och de breede Public ze sensibiliséieren. Zanter dräi Joer war de LUCA dofir op der Sich no engem neie Lieu. Elo ass en a Clausen opgaangen. D'Kerstin Thalau ass vun der Vizepresidentin Pascale Kauffman an der Chargée de direction Séverine Zimmer méi gewuer ginn.