Kultur
En Escher Jong
4 min
Am Wierk "René Deltgen, eine Schauspielerkarriere", deen den Centre National de l'Audiovisuel mam Kulturministère an dem Enseignement Supérieur et de la Recherche 2002 erausbruecht huet, schreift de Paul Lesch, datt d'Lëtzebuerger normalerweis immens drop aus sinn, déi lëtzebuergesch Racinne vun internationale Kënschtler ervirzehiewen, am Fall vum René Deltgen, deem säi schauspillerescht Talent international unerkannt ass, wäre si erstaunlech zeréckhalend. Wie war de René Deltgen, deen an Nazi-Däitschland en erfollegräichen a beléifte Staatsschauspiller war?
Am Theaterstéck "En Escher Jong" stinn den André Jung an de Luc Feit op der Bün an duerchliichte fragmentaresch dem Deltgen säi Liewen a seng Karriär. D'Valerija Berdi mat enger Kritik