Kultur
Genéisst eng Instant Comedy vum Filip Markiewicz
8 min
Vum 26. Februar un ass Esch Kulturhaaptstad 2022. Dofir soll natierlech och an der neier Escher Konschthal eppes Spezielles gebuede ginn. Also huet den Direkter Christian Mosar de Filip Markiewicz fir eng Eenzelausstellung invitéiert. De Filip Markiewicz, Joergang 1980, huet zu Stroossbuerg Konscht studéiert, 1999 säi Museksprojet Raftside lancéiert, ass op Berlin, a viru gutt zéng Joer, als fräischaffende Kënschtler, op Hamburg geplënnert. Hie kënnt awer reegelméisseg op Lëtzebuerg fir ze weisen, wou hien an der Konscht esou drun ass. Dem Kerstin Thalau huet de Filip Markiewicz de Point de départ fir de Projet "Instant Comedy" erkläert.