Kultur
D'Zäit vergeet, d'Erënnerung net
9 min
Den Diddelenger Menn Adam war als Jugendleche vun doheem fortgaangen, well säi Beruffswonsch "Kënschtler" net akzeptéiert gouf; hien huet mat nëmme 16 Joer seng lénks Hand bei engem Aarbechtsaccident verluer a gouf nawell Moler, Graveur a Sculpteur, huet zu Zürech, bei Marseille, gelieft, reegelméisseg zu Barcelona ausgestallt. 2014 ass hien onerwaart gestuerwen. Aktuell erënneren d'Diddelenger Galerien u säin 80. Gebuertsdag.
D'Kerstin Thalau huet mat senger Fra a sengen Zwillingsmeedercher doriwwer geschwat, wéi si dem Menn Adam säin Ierwen versuergen an héichhale wëllen.
Lauschtert och den éischten an zweeten Deel vum Gespréich.