Kultur
Expo: Remixing Industrial Pasts
7 min
D'Industrie, de Mënsch an d'Landschaft sinn déi dräi zentral Theemen an der Ausstellung "Remixing Industrial Pasts" an der Massenoire um Belval. Wéi huet sech de Minett vum Ufank vum 20. Joerhonnert bis haut verännert? Fir d'Komplexitéit vun der Identitéit vum Minett ze weisen, kommen hei Film- an Audiomaterial zesummen, begleet vun ausgestallten Objeten an atmosphäreschen Ambienten. De Curateur vun der Expo ass de Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, de Sound ass vum Max Viale an Tokonoma. Kerstin Thalau, Valerija Berdi an de Felix Mersch hun de Bäitrag zesummegestallt. Duerch dës virtuell Expo féiert d'Elise Bougelet, responsabel fir Arts visuels bei Esch2022.