arrow_back_ios
Fräie Mikro
All zesummen op de Fraestreik!
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
De Fraendag vun haut steet ënner dem Slogan "Gläich Rechter fir jiddwereen". Sief et op der Aarbecht oder am Privatliewen, Chancëgläichheet tëschent Mann a Fra ass nach ëmmer net garantéiert, obwuel et scho ganz considerabel Fortschrëtter gëtt. Migrantinne si besonnesch dacks Opfer vun Ongläichheeten an do besteet akuten Handlungsbedarf, mengt d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.