Kannerkëscht
Kannereck!
6 min
Gudde Mëtteg, Kanner. Elo geschwënn ass Fréijoer. D'Fréijoer, dat kennt der, ass eng vun de véier Joreszäiten, virdrun war et Wanter, an dono kënnt de Summer an den Hierscht. Jo nodeems wou ee wunnt, ënnerscheeden mer tëscht dem Fréijoer op der Nordhallefkugel vun der Welt, oder d'Fréijoer op der Südhallefkugel, et schwätzt een dann och vum Nordfréijoer a vum Südfréijoer.
Den Ufank vum Fréijoer kann een op zwou Manéiere gesinn, den astronomesche Fréijoersufank deen hänkt vun der Positioun vun der Äerd zur Sonn of. An eise Géigenden also op der Nordhallefkugel vun der Welt ass dat den 20 oder 21 Mäerz, ganz ganz seelen kann et och schonn den 19 Mäerz sinn. An d'Fréijoer hält, an dat ass ëmmer um selwechten Dag, mam 21 Juni op, deen Dag ass dann de Ufank vum Summer.
Et gëtt dann awer och de meteorologeschen Fréijoersufank an deen ass schonn den éischte Mäerz, dat heescht fir d'Meteorologen, esou nennt een déi Leit déi sech mam Wieder beschäftegen, si mer scho gutt zwou Wochen am Fréijoer.
Fréijoer ass dann och déi Zäit wou d'Wieder ufänkt besser ze ginn, an d'Planzen a soss d'Natur fänkt nees un ze liewen, a villes steet an der Bléi. D'lescht Woch hat d'Monique Kirsch aus dem Naturmusée jo iwwert déi sougenannten Fréibléier geschwat.
Abee haut ass den Patrick Michaely och aus dem Naturmusée bei eis am Studio an hien erzielt iech méi iwwert d'Bloossblumm