Kultur
Fear and Loathing in Moutfort mam Pierre Reyland
9 min
Ee vun de bekannte Gäscht um Luxembourg City Filmfestival 2022 war den Terry Gilliam, Member vun der legendärer britescher Komikertrupp Monty Python, Réalisateur vu Filmer ewéi "12 monkeys", "Brazil" an och "Fear and loathing in Las Vegas". D'Équipe vun eiser Émissioun B-Radio hat fir hier Mäerz-Éditioun en Homage un den Terry Gilliam preparéiert, an och u säi Compatriot, de Gonzo-Journalist Hunter S. Thompson, op deem sengen Erënnerungen de Film "Fear and loathing" baséiert. Erauskomm ass de B-Radio "Fear and loathing in Moutfort". De Pierre Reyland war zum Beispill als Gonzo-Sportjournalist ënnerwee.