Kultur
Kennt Dir den Arnold Hau?
5 min
Dem grousse Genie, dem Arnold Hau, dee mat Goethe, Schiller, Mozart an Einstein op enger Linn ze nennen ass, wëll d'Equippe ronderëm de Regisseur Jacques Schilz en Denkmal am Kasemattentheater setzen. De vergiessenen Dichter an Denker ass e Produkt vun der neier Frankfurter Schoul. Déi ass och manner Adorno, dofir ëm sou méi d'Grënnungspäpp vun der Satir-Zäitschrëft Titanic. Op der Bün stinn den Nickel Bösenberg, den Dominik Raneburger an de Pitt Simon. D'Valerija Berdi huet mam Regisseur Jacques Schilz geschwat a fir d'éischt gefrot, wéi een op d'Iddi kënnt den Arnold Hau op d'Theaterbün ze bréngen?