arrow_back_ios
Kultur
Wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
D'Nationalbibliothéik krut eng aussergewéinlech privat Sammlung am Beräich vun der Heraldik, also der Wopekonscht, geschenkt. Ënner den Dausende Bänn vum verstuerwenen Dr. Jean-Claude Loutsch senger spezialiséierter Bibliothéik sinn 51 rar Manuskripter, déi deelweis aus der Zäit vu viru 1500 stamen. Vun der Bedeitung hier ass et hei am Land dee bis elo wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut, huet et op der Pressepresentatioun geheescht.
E Bäitrag vum Michel Delage