Kultur
Méi Faarf mam Menn Adam
Den Diddelenger Menn Adam war als Jugendleche vun doheem fortgaangen, well säi Beruffswonsch "Kënschtler" net akzeptéiert gouf; hien huet mat nëmme 16 Joer seng lénks Hand bei engem Aarbechtsaccident verluer an ass nawell Moler, Graveur a Sculpteur ginn, huet zu Zürech, bei Marseille, gelieft, reegelméisseg zu Barcelona ausgestallt. 2014 ass hien onerwaart gestuerwen. Aktuell erënneren d'Diddelenger Galerien u säin 80. Gebuertsdag. D'Kerstin Thalau huet mat senger Fra a sengen Zwillingsduechteren doriwwer geschwat, wéi si dem Menn Adam säin Ierwe versuergen an héich hale wëllen.