Kultur
Pardon my French!
14 min
Am Kader vum Mount vun der Francophonie organiséiert den Institut de langue et littérature luxembourgeoise, den Institut d'études romanes an d'Rotonden eng Table ronde, wou Text a Fotographie am Kontext vun der franséischer Sprooch de Sujet sinn. De Fotograf Samuel Bollendorf, deen a sengem autobiographesche Roman Faiseur d'anges ( Seuil, 2021) op säi Werdegang zréck kuckt an de Fotograf Sébastien Cuvelier mat sengem Wierk "Paradise City (GIST Boook, 2020) sinn d'Invitéën an de Rotonden den 31. Mäerz. Am Virfeld vun der Diskussioun schwätzt den Gian Maria Tore, Enseignant-Chercheur op der Uni.lu iwwer "Puissance des mots, puissances des images: dialogue". Valerija Berdi huet mat den zwou Organisatricen, déi och d'Table ronde moderéieren, der Jeanne Glesener an der Tonia Raus vun der uni.lu geschwat.